Wéi d'Fans vun diverse Fussballclibb fuerderen, soll de Reality-Star Kim Kardashian den Zoutrëtt zu verschiddene Fussballstadione verbuede kréien.

D'Kim Kardashian war mat sengem Jong Saint West en Donneschdeg, de 16. Mäerz zu London d’Partie Arsenal géint Sporting Lissabon am Kader vun der Europa League kucken. De klore Favorit vun der Partie war den FC Arsenal mee de Sporting Lissabon huet sech zum Schluss mat 3-5 am Eelefmeterschéissen duerchgesat. No der Partie hunn d’Fans vun Arsenal sech geiergert an diskutéiert ob et eventuell d’Schold vum Kim Kardashian war, dass hier Equipe verluer huet.

Dräi Deeg drop war d'Kim Kardashian zu Paräis fir d’Partie Paris-Saint-Germain géint Stade Rennes ze kucken. De PSG dee säit 35 Partien doheem an der heemescher Liga ongeschloen ass, verléiert erstaunlecherweis 0-2 géint den däitlechen Aussenseiter Stade Rennes. Wéi och den FC Arsenal war de PSG an dëser Partie den däitleche Favorit.

No der Partie PSG géint Stade Rennes haten och Fans vun de Fransouse genuch an hunn genau wéi d’Arsenal Fans d'Kim Kardashian fir déi awer däitlech Nidderlag verantwortlech gemaach. D'Konsequenz vun deenen zwou Nidderlage bei deenen d'Kim Kardashian als Fan dobäi war ass, dass d'Fans vun Arsenal a PSG elo e Stadionverbuet géint de Member vun der Kardashian-Famill fuerderen.

Fir d'Fussballsfans waren déi zwou Nidderlagen en eendeitegt Zeechen, dass et sech heibäi em de Kardashian-Fluch handelt. Ob Social-Media-Plattforme wéi Twitter an Instagram gëtt mëttlerweil och schonn de Geck domadder gemaach. De Kardashian-Fluch ass awer näischt Neies. Wann et an der Kardashian-Famill em d'Thema Léift geet, da gräift de Fluch och, well sou sollen d'Kim, d'Kourtney a Co. hiren Ex-Männer och ëmmer nëmme Pech bruecht hunn.