Wéinst enger e bëssi méi skurriller Gebuertsdagstraditioun goufen de Chris Hemsworth a seng Fra Elsa op de Soziale Medie kritiséiert.

Bei den Hemsworth gouf kierzlech de 9. Gebuertsdag vun de Zwillinge Sasha an Tristan ze feieren an hei duerft ee Schockelaskuch net feelen. Ier de Kuch awer giess gouf, gouf ee vun de Bouwe mam Gesicht an de Kuch gezappt.

Op Instagram schreift de Chris, dass et bei hinnen am Haus just eng Méiglechkeet gëtt fir Kuch ze iessen an dat ass wann d'Mamma däi Gesiicht an de Kuch dréckt.

An dat fanne verschidde Fans net esou gutt. Esou schreiwe verschidden User ënnert d'Foto, dass dat guer net witzeg wier an et just brutal a knaschteg wier. Een aneren User schreift drënner, dass dat a sengem Land negativ ugesi gëtt, well dobäi ze vill Accidenter geschéien.

Natierlech schreiwen och vill Follower drënner, dass si verstinn, dass dat alles ee Witz ass an et eng witzeg Traditioun ass.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 23. Mäerz.