Fir d'Gwyneth Paltrow fänkt ee Geriichtsprozess un. Géint hatt gouf nämlech eng Plainte wéinst engem Schiaccident gemaach.

Ee 76 Joer alen Optiker geheit dem Gwyneth Paltrow vir, dass hatt 2016 op enger Schipist zu Utah an hie gerannt ass an hien dono leie gelooss hätt. De Mann soll sech dobäi e puer Rëpper gebrach hunn a soll um Kapp blesséiert gi sinn.

Dem Paltrow säin Affekot seet, dass dat alles Blödsinn wier. D'Schauspillerin steet dozou, dass et een Accident tëschent deene gouf, mee hatt besteet awer och drop, dass de Mann an hatt gerannt ass an net ëmgedréint. D'Paltrow huet dowéinst eng Géigeplainte gemaach.

Aacht Deeg soll de Prozess daueren an et gëtt erwaart, dass nieft dem Paltrow och seng zwee Kanner Apple a Moses aussoen.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 23. Mäerz.