D'Heide Klum wéisst sech mat ganz skurrillem Accessoire um rouden Teppech.

Bei de Fashion Trust US Awards iwwerrascht d'Heidi Klum mat ganz skurrillem Accessoire. Amplaz eng klassesch Posch dobäi ze hunn, hat hatt eng kleng ronn Vas dobäi an an der Vas ass ee Goldfësch geschwommen. Dëse war natierlech kee richtege Goldfësch.

Réischt virun e puer Wochen hat d'Heidi mat sengem skurrille Look all d'Blécker op sech gezunn. Bei der AIDS-Fondation Oscar-Party vum Elton John a sengem Mann David Furnish hat d'Heidi ee giele Rack u mat iwwerdimensionale Blummen drop. Vill Fans hu fonnt, dass hatt dunn dem Villche Bibo aus der Sesamstrasse geglach huet.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 23. Mäerz.