De Ben Affleck an de Matt Damon kenne sech schonn zënter ganz laangem an dat hu si nees bewisen.

Déi bescht Schauspiller-Kolleege sollen e gemeinsame Bankkont gehat hunn. An dat wéi si am Lycée waren. Déi zwee Schauspiller hunn dat ganzt an engem Podcast verroden. Si bréngen nämlech nees e Film zesummen eraus, dee sech "Air" nennt. Si hunn och erzielt dass si Reegelen hate fir hire gemeinsame Kont. Si hunn nämlech Sue gebraucht fir Castings oder Reesen op New York. Heiansdo konnten si sech dann erlaaben Videospiller ze kafen. Déi zwee Schauspiller kommen aus der US-Stad Boston.

Lauschtert hei de Réckbléck vun de Prominews vun dëser Woch.