D’Chrissy Teigen huet iwwer seng Situatioun als Mamm vun dräi ganz jonke Kanner geschwat.

D’Model sot dat wier gläichzäiteg lëschteg a schwiereg. Zesumme mam Sänger John Legend huet hatt nämlech e Meedche vu 6 Joer, e Jong vu 4 Joer an e Meedche vun zwee Méint. D’Chrissy Teigen géif sech an der däitlecher Ënnerzuel fillen. Ee Kand ass am gaangen sech ze besuddelen, dat anert spréngt ronderëm. Seng Kanner wieren all esou ënnerschiddlech an hatt géif dat immens flott fannen. Och wann et net einfach wier sech ëm dräi kleng Kanner ze këmmeren, géif et awer Spaass maachen.

Lauschtert hei de Réckbléck vun de Prominews vun dëser Woch.