D’Courteney Cox këmmert sech gutt ëm säin Hollywood Walk of Fame Stär.

All déi déi d’Serie Friends gekuckt hunn, wëssen dass d’Courteney d’Monica Geller gespillt huet. An ee vu senge Charakterzich war et extrem hygienesch ze sinn a vill ze botzen. An engem witzegen Instagram-Reel huet d’Courteney Cox bewisen dass hatt bëssi wéi d’Monica ass. Well hatt ass bei säi Stär gaangen an huet en gebotzt. Um Walk of Fame kënnen d’Leit jo u sech op d’Stären trëppelen. Mat vill Humor huet hatt d’Leit drop ugeschwat dass si kéinten oppassen a ronderëm de Stär trëppelen. D’Courteney huet och dem Jennifer Aniston an dem Reese Witherspoon hir Stäre gebotzt.

Lauschtert all d'Prominews vum Dag!
Lauschtert hei de Réckbléck vun de Prominews vun dëser Woch.