
© VALERIE MACON / AFP
D'Selena Gomez huet es genuch a fuerdert dass d'Haass- an d'Mordmenace géint d'Hailey Bieber ophalen.
Op Instagram huet d'Selena Gomez seng Fans opgefuerdert mat den Haass-Kommentaren a Mordmenace géint d'Hailey Bieber opzehalen."Kee Mënsch hätt esou eppes verdéngt", esou d'Schauspillerin.
D'Hailey Bieber hätt deemno d'Selena kontaktéiert an hätt hatt iwwert d'Menacen informéiert. "Dofir stinn ech net. Kee soll Haass oder Mobbing erliewe mussen. Ech hu mech ëmmer fir Frëndlechkeet agesat an ech wëll wierklech, dass dat doten alles ophält", esou d'Selena a senger Insta-Story um Freideg.
Fir ze weisen wéi eescht et dem Selena ass, followed hatt dem Hailey nees op Instagram.