
© Felix Hörhager / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Dem Matthias Schweighöfer seng Wuessfigur gouf zu Berlin geklaut. Op jiddefalls gesäit et op deen éischte Bléck dono aus.
Wéi een an engem Video vum Musée "Madame Tussauds" op Instagram gesäit, hunn zwee schwaarz gekleete Persounen d'Wuessfigur vum Matthias Schweighöfer geklaut.
Och de Schauspiller wéisst sech a senger Instagram-Story schockéiert.
Elo huet sech awer erausgestallt, dass dat alles just ee Fake war. Bei der Aktioun huet et sech ëm eng Pub-Aktioun vum Musée gehandelt. D'Fans ginn dovunner aus, dass dës och mam Schweighöfer sengem neien Netflix-Film "Army of Thieves" ze dinn huet.
Déi däitsch Police huet déi ganz Aktioun awer guer net witzeg fonnt an ermëttelt elo wéinst Virtäusche vun enger Strofdot. Eng méiglech Strof kéint just eng Geldstrof oder awer eng Prisongsstrof sinn.