Den Elon Musk an d'Grimes hunn decidéiert de Numm vun hirem Kand nach ee Mol ze änneren.

Den Elon Musk a seng Ex-Partnerin Grimes sinn 2021 Eltere vun engem Meedche ginn. Deemools haten si dem Kand ee ganz ongewéinlechen Numm ginn. Nämlech huet d'Meedchen Exa Dark Sideræl geheescht. A sou ongewéinlech wéi de Numm ass, esou ongewéinlech ass et och de Numm no zwee Joer nach ee Mol ze wiesselen. Mee och dat huet de Musk an d'Grimes gemaach.

Wéi d'Grimes op Twitter schreift, heescht hier Duechter elo just nach "Y" oder "Why" oder "?" an dësen Numm steet fir "Virwëtz, déi éiweg Fro an esou".

Schonn am Abrëll 2022 hat d'Grimes an engem Interview mat "Vanity Fair" matgedeelt, dass him den ursprénglechen Numm vum Kand ze normal wär. En hätt net bei de Numm vum éischte Kand gepasst. Dat éischt Kand vun hinnen huet de Numm X Æ A- 12.

D'Grimes an den Elon Musk waren zënter 2018 an enger Bezéiung , mee lescht Joer hunn si sech awer definitiv getrennt.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 29. Mäerz.