
© Screenshot Instagram @cristiano
Dem Cristiano Ronaldo seng Kanner hunn et net einfach an der Schoul. Nämlech goufen déi reegelméisseg geschloen a gemobbt.
Dem Cristiano Ronaldo seng Frëndin d'Georgina Rodriguez schwätzt an engem Interview am spuenesche Fernsee, déi éischte Kéier iwwert déi schwéier Zäiten déi hier Kanner an der Schoul hunn. Dës ginn hei nämlech reegelméisseg geschloen a gemobbt.
Weider heescht et awer am Interview, dass hatt seng Kanner awer dofir sensibiliséiere wëll, dass Brutalitéite keng Léisung sinn an een och net soll zeréckschloen. Trotzdeem weist hatt awer am Fernsee, dass hatt selwer kee richteg gudde Rot géint Mobbing hätt a wéi et seng Kanner do virdru ka schützen.