
© AFP PHOTO / RED SEA FILM FESTIVAL
D'Instagramsäite vun der Koppel weisen op eng Trennung hin.
D'Toni Garrn huet all d'Fotoe vu senger Hochzäit mam Alex Pettyfer geläscht an et fënnt ee just nach schwéier romantesch Fotoe vun hinnen zwee.
De Schauspiller huet op sengem Profil awer nach d'Fotoe vun der Hochzäit, mee déi zwee followen sech och net méi géigesäiteg op Instagram.
D'Fans maachen sech Suergen an deenen ass och schonn opgefall, dass d'Modell kee Brautrank a Verlobungsrank méi dréit.
2020 sinn d'Garrn an de Pettyfer op der Gemeng bestuet ginn an eréischt lescht Joer war déi grouss Hochzäitsfeier. Déi zwee hunn och eng Duechter zesummen.
D'Koppel huet awer bis elo nach näischt zu enger Trennung gesot. Ob et dann esou oder net, bléift ofzewaarden.