
© ISABEL INFANTES / AFP
D'Angelina Jolie gouf mat enger männlecher Begleedung beim Owesiesse gesinn. War dat een Date oder just ee geschäftleche Meeting?
D'Angelina Jolie gouf beim Mëttegiesse mam brittesche Milliardär David Mayer de Rothschild gesinn. Mee ob et sech hei ëm een Date oder awer ee Meeting gehandelt huet, ass net gewosst. Nämlech vertrieden déi zwee an hire Beruffer déi selwecht Interessi. D'Schauspillerin sëtzt sech fir Mënscherechter an an de Mayer de Rothschild kämpft als Ëmweltschützer géint d'Äerderwiermung.
Ob et sech elo ëm eng nei Léift am Jolie sengem Liewen handelt oder net, ass net gewosst. Op jiddefalls gouf an deene leschte Joren ëmmer nees gären doriwwer gerätselt, wien dee neie Mann a sengem Liewe kéint sinn. Déi eng Kéier war et de Sänger The Weeknd, déi aner Kéier de Schauspiller Paul Mescal. Ob et dann elo vläicht awer den David Mayer de Rothschild ass, bleift ofzewaarden.