
© KEVIN WINTER / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De Schauspiller ass fir eng zweete Kéier Papp ginn.
Den Elijah Wood a seng Partnerin Mette-Marie Kongsved si fir eng zweete Kéier Eltere ginn an dat schonn am Dezember 2021. Dat huet de Schauspiller elo réischt an engem Interview mam "Wall Street Journal" gezielt. D'Koppel huet dann elo ee Bouf vun 3 Joer an ee Meedche vu 14 Méint.
Kennegeléiert hunn sech de Wood an d'Kongsved op engem Filmset. Hei stoung hien virun der Kamera a seng Partnerin war Deel vun der Produzenten-Ekipp.
Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 30. Mäerz.