
© Rodin Eckenroth / Getty Images
De Schauspiller wëll ee ganz speziellen Objet net méi op engem Filmset gesinn.
Den Hugh Grant fuerdert een Handy-Verbuet op alle Filmsets. An dat net well d'Léit ze vill ofgelenkt sinn, mee well him ëmmer méi dat soziaalt Mateneen tëschent de Mataarbecht um Set feelt. Dat huet de Schauspiller an der "The Late Show With Stephan Colbert" matgedeelt. Weider seet hien, dass ee sos ëmmer um Enn vun der zweeter Woch vum Dréi zesumme gedronk huet an hei vill geschwat, gelaacht an erlieft huet a wéinst de Soziale Medien ass dat net méi de Fall.
De Quentin Tarantino huet een Handy-Verbuet op senge Filmsets schonn duerchgesat.
Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 30. Mäerz.