De Ray Stevenson ass virun allem bei villen Thor-Fans bekannt gewiescht. De Sonnden ass de Schauspiller verstuerwen.

De Ray Stevenson ass de Sonnden op der italieenescher Insel Ischia am Alter vun 58 Joer gestuerwen. Dat huet säi Management bestätegt. Weider Informatiounen zu der Doudesursaach goufe keng matgedeelt.

De Schauspiller war virun allem fir seng Roll als "Volstagg" an den Thor-Filmer bekannt. Säin Duerchbroch hat de Schauspiller aus Nordirland awer mat der Fernseeserie "Rom" an där hien d'Haaptroll gespillt huet. Des Weideren huet hien och an der Real-Verfilmung vun den "Die drei Musketiere" vun 2011 matgespillt. An am Trailer vum onverëffentlechten "Star-Wars"-Spinoff mam Titel "Ahsoka" gesäit een de Stevenson och.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 24. Mee.