
© JB Lacroix / Full Picture Agency / Full Picture Agency via AFP
Wéinst dem Jude Law sengem Geroch um Filmset vu "Firebrand" hunn sech vill Léit missen iwwerginn.
De Jude Law hat ee klengt aussergewéinlecht Doftexperiment um Filmset vu sengem neie Film "Firebrand" lancéiert. Awer net jidderengem huet dat gefall, déi meeschte Persoun hunn sech dunn hei missen iwwerginn. Wéi d'Noriichtenagence AFP matdeelt, huet de Schauspiller een Doft erschaf dee no Eeter, Blutt, Exkrementer a Schweess geroch huet. De Grond dofir war, dass de Law hei den englesche Kinnek Heinrich VIII. gespillt huet. Dëse war net nëmmen dofir bekannt, dass hie sechs vu senge Fraen ëmbruecht huet, mee säi Been hat esou eng schlëmm Infektioun, dass dat fierchterlech sollt gestonk hunn. An de Schauspiller wollt senger Roll wuel einfach just gerecht ginn an sech dobäi ee klenge Geck erlaben.
De Film gouf um Filmfestival zu Cannes presentéiert.