De Peter Fox fillt sech ze al fir nach ee Popstar ze sinn.

Ee Liewen tëschent Touren, Optrëtter am Fernsee a Sessions am Studio, dat alles kënnt de Peter Fox. Schliisslech ass hie schonn zënter de 90er Joren an der Musekszeen dran. Mee esou lues awer sécher stellt de Museker seng eege Coolnes a säin Image als Popstar a Fro. An engem Interview mam Spiegel huet den 51 Joer ale Sänger nämlech gezielt, dass hien sech ze al fillt, fir nach ee Popstar ze sinn. Fans mussen awer elo keng Angscht hunn, dass hien sech aus der Museksbranche wäert zeréck zéien. Hie wäert nach weider Musek maachen, mee no sengem Solo-Album, deen deemnächst erauskënnt, wëll hien awer mat Solo-Projeten ophalen. Leiwer produzéiert hien am Hannergrond.