
© SVEN SIMON / Sven Simon / dpa Picture-Alliance via AFP
D'Museksikon Tina Turner ass am Alter vun 83 Joer gestuerwen.
Tina Turner ass no laanger Krankheet a sengem Haus an der Schwäiz gestuerwen. Dat gouf um Turner senger Instagram-Säit matgedeelt.
Seng Karriär huet d'Anna Mae Bullock, esou dem Tina Turner säi biergerlechen Numm, un der Säit vu sengem spéidere Mann ugefaangen. De groussen Duerchbroch hat d'Musekerin awer no der Scheedung an den 80er Joren. Direkt deen éischte Solo-Album "Privat Dancer" vu 1984 konnt ee risegen Erfolleg feieren. Des Weideren huet Turner ee Joer drop fënnef Grammy Awards gewonnen.
No de musikaleschen Erfolleger huet sech d'Turner mat engem däitsche Museksmanager an der Schwäiz néiergelooss.