Beim Filmfestival zu Cannes gesäit et esou aus, wéi wann den Tom Hanks um Rouden Teppech eng hëtzeg Diskussioun mat engem Mataarbechter hätt.

Heiansdo soe Biller méi wéi Wierder an heiansdo soen se dat Falscht. Op enger Foto vum Rouden Teppech beim Filmfestival zu Cannes kéint ee mengem den Tom Hanks wier richteg rosen an hät eng Diskussioun mat engem Mataarbechter vum Festival. Mee dat alles huet awer guer näischt mat enger Diskussioun ze dinn, esou dem Hanks seng Fra. Nodeems vill Medien iwwert d'Foto spekuléiert hunn, huet sech d'Rita Wilson iwwer Instagram gemellt an d'Foto erkläert. Dee Moment wéi d'Foto gemaach gouf, war et extreem haart um Rouden Teppech an den Hanks huet de Mataarbechter net verstanen an huet just nogefrot, wat dëse gesot huet. Des Weidere betount dem Hanks seng Fra, dass déi zwee eng richteg schéin Zäit zu Cannes haten.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 25. Mee.