
© Marc TIRL / DPA / AFP
D'Nelly Furtado schwätzt iwwert seng Opmierksamkeetsstéierung.
D'Nelly Furtado huet am Ufank vun den 2000er Joren zu deenen erfollegräichste Musekerinne gehéiert. No ville Jore Paus, mellt hatt sech nees zeréck. An engem Interview mam "Fault"-Magasinn erzielt hatt, dass bei him ADHS diagnostizéiert gouf. Weider heescht et, dass hatt mengt, dass hatt dat scho säi ganzt Liewen hat, mee well hatt sechs mol d'Woch Instrumenter gespillt huet, konnt dat esou mat grousser Warscheinlechkeet kontrolléiert ginn.
D'Sängerin gehéiert zu deene Persounen, déi éischter manner opmierksam sinn, wéi déi déi opgedréint sinn. An hatt seet nach, dass hatt mëttlerweil al genuch ass fir net dramatesch op dës Diagnos ze reagéieren. Danze géif him als Therapie am beschten hëllefen.