Den Till Lindemann ass beim éischte Concert vun der neier Tour vun der Bün gefall.

Rammstein huet an der Haaptstad vu Litauen hiren éischte Concert vun der Tour gespillt an dobäi ass dem Till Lindemann een Accident geschitt. De ganze Concert ass u sech no Plang verlaf, mee wéi de Concert quasi fäerdeg war, ass et zum Accident komm. De Front-Sänger huet nämlech senge Fans Äddi gesot a wollt grad an de Backstage goen, wéi hie vun der Bün gefall ass. Seng Bandkolleege waren och iwwerrascht a wossten net wéi reagéieren.

D'Accident war awer net esou schlëmm, de Lindemann soll keng Verletzungen dovun droen. Een offiziellt Statement gouf et awer bis elo nach net. Déi rechtlech Concerten dierften also ouni Problemer stattfannen.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 26. Mee.
Lauschtert hei de Réckbléck vun de Prominews vun dëser Woch.