
© VALERIE MACON / AFP
Zënter Joren huet d'Britney Spears kee Kontakt zu senger Mamm. Elo soll d'Äis awer schmëlzen.
D'Britney Spears huet sech no jorelaanger Paus mat senger Mamm Lynne Spears getraff. Dofir ass dem Britney seng Mamm op Los Angeles geflunn an d'Britney huet seng Mamm doheem erwaart. Wéi TMZ schreift, hunn déi zwee awer just e puer Minutte matenee geschwat, ier seng Mamm nees d'Haus verlooss huet. Dem Britney seng Mamm hat sech schonn ëffentlech beim hirer Duerschter entschëllegt, dat wéinst der Tutelle wärend 13 Joer. Der Mamma-Spears no, ass si entschloss d'Situatioun mat hirer Duerschter nees an d'Rei ze kréien.
Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 26. Mee.
Lauschtert hei de Réckbléck vun de Prominews vun dëser Woch.