
© Valery HACHE / AFP
D'Scarlett Johansson ka mol net am Schlof vun der Aarbecht ofschalten.
D'Scarlett Johansson schafft esou guer am Schlof. Dat huet hatt bei der Premier vu sengem neie Film "Asteroid City" um Filmfestival zu Cannes matgedeelt. Hei sot hatt, dass hatt seng Dreem dofir notzt fir ze schaffen. Scho virun e puer Joer huet hatt sech dat untrainéiert. Esou kann hatt elo am Schlof schonn a seng Rolle verfalen, déi et fir verschidde Produktioune vir ze bereeden huet. Och kéint hatt sech esou vill besser u seng Dreem erënneren an hatt schreift sech och alles op.
Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 26. Mee.
Lauschtert hei de Réckbléck vun de Prominews vun dëser Woch.