
© VALERIE MACON / AFP
Dem Selena Gomez seng Fans kënnen op hatt ziele fir dass hatt si verdeedegt!
D’Sängerin war nämlech um Beyoncé sengem Concert zu Paräis. An hatt huet sech zimmlech hefteg mat sengem eegene Bodyguard opgereegt. Deen soll nämlech verschidde Fans zimmlech brutal gedréckt hunn, wéi si wollte mat der Sängerin schwätzen. Vill Leit hunn dem Selena Gomez säi Verhale begréisst, well d’Sängerin u sech net a Gefor war. D’Fans, déi zu Paräis um Concert waren, soten dass de Bodyguard extrem aggressiv war.