
© RONALD MARTINEZ / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
D’Billie Eilish huet sech iwwer Haters beschwéiert.
D’Sängerin géif nämlech ëmmer erëm wéinst sengen Outfits kritiséiert ginn. An dat well hatt an deene leschte Joren sech e bëssi méi breet Kleeder erausgesicht hat mee elo decidéiert huet sech e bëssi méi enk unzedoen an e bëssi méi Haut ze weisen. An engem Text op Instagram, dee mëttlerweil geläscht gouf, huet hatt sech richteg opgereegt.
Déi éischt 5 Joer vu senger Karriär wiere vun Idioten zerstéiert ginn, well hatt sech ze vill wéi e Jong ugedoen hätt. Mee elo dass hatt säi Kleederstil geännert hätt, géif hatt och kritiséiert ginn. A sengem Statement sot hatt dass hatt sech undoe kéint wéi et wëll an dass een d’Fraen einfach existéiere soll loossen, déi hätten nämlech méi Facettë wéi just eng!