
© TOLGA AKMEN / AFP
De Schauspiller Benedict Cumberbatch a seng Famill hunn eppes Schreckleches erlieft.
E Mann ass op der Famill hir d’Grondstéck mat engem Messer erakomm an huet si menacéiert. De Mann war e fréiere Kach an engem Luxus-Hotel. Wéi d’Promiportal Daily Mail mellt, hätt de Mann gejaut: "ech weess dass du hei wunns an ech hoffen däin Haus verbrennt". De Mann huet sech nämlech misse viru Geriicht veräntwerten.
D’Attack ass virun e puer Woche geschitt. Esouwuel de Schauspiller mee och seng Fra d’Sophie Hunter an hir dräi kleng Kanner waren am Haus. Hinnen ass awer näischt geschitt. Den Täter huet seng Dot viru Geriicht zouginn. Hie krut eng Geldstrof an dierf wärend 3 Joer net an der Famill hirer Géigend kommen.