Eng eventuell nei Promi-Koppel huet vill Fans zimmlech erstaunt!

Et gëtt gemunkelt dass eng bekannt US-Rapperin an e bekannte belsche Fussballspiller zesumme wieren. Et handelt sech ëm d’Megan Thee Stallion an de Romelu Lukaku! Déi zwee goufen nämlech zesummen op enger Hochzäit an Italien gesinn. De Lukaku spillt aktuell beim Inter Mailand an et war engem anere Spiller Lautaro Martinez seng Hochzäit. A wéi et schéngt war d’Megan Thee Stallion dem Lukaku säin Date. D’Promiportal TMZ mellt dass d’Rapperin an de Sportler sech d’Hand ginn hunn. Vill Leit froen sech wéi si sech da kennegeléiert hätten. En Hiweis kéint sinn dass si allen zwee vum Management-Team "Roc Nation" vum Jay-Z vertruede ginn.