De Ryan Gosling ass en extrem groussen Disney-Fan !

De Schauspiller huet jo och seng Karriär am "The Mickey Mouse Club" als Kand ugefaange mee och als erwuesse Persoun bleift hien e risege Fan. Säi Schauspiller-Kolleeg John Stamos sot nämlech an engem Podcast dass de Ryan Gosling reegelméisseg an den Disneyland geet. An zwar net onbedéngt just mat senge Kanner mee och ganz eleng. Hie géif da Kopfhörer undoen an op ganz vill Spiller goen. Dat géif him Spaass maachen an hie géif sech als sougenannten "Disney Adult" identifizéieren. Geschwënn wäert een hien awer als Ken am neie "Barbie"-Film am Kino gesinn!