
© DIMITRIOS KAMBOURIS / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Eng Hollywood-Legend gëtt an engem relativ héijen Alter nees Papp.
Den Al Pacino kritt geschwënn säi 4. Kand mat 83 Joer. Seng Frëndin Noor Alfallah wier am 8. Mount schwanger. De Spriecher vum Star huet d’Rumeure confirméiert. D’Koppel wier zënter engem Joer zesummen. Dem Al Pacino seng Frëndin huet 29 Joer. De Schauspiller huet also schonn eng 33-järeg Duechter an Zwillinge vun 22 Joer. Viru kuerzem hat de Robert DeNiro scho fir vill Reaktioune gesuergt well hie mat 79 Joer Papp ginn ass.
All d'Prominews vum Dag ginn et hei!