Wéi et schéngt ass de Machine Gun Kelly e ganz jalouse Mënsch.

De Sänger vun der Band "All-American Rejects" Tyson Ritter huet iwwert e Sträit mam Rapper geschwat. Dat war geschitt wéi hien e Film mam Machine Gun Kelly senger Verloobte Megan Fox gedréint hat. De Tyson Ritter hat eng kleng Ännerung am Skript ugefrot. Et ass ëm eng Zeen gaangen, wou hien seng Fangeren an dem Megan Fox säi Mond maache géif. An de Machine Gun Kelly, deen och um Dréi dobäi war, huet sech richteg opgereegt a wollt net dass déi Zeen esou stattfënnt. Hie wier komplett ausgerast gewiescht. Den Tyson Ritter sot awer dass d’Megan Fox e ganz sympathesche Co-Star war.