
© VALERIE MACON / AFP
27 Joer no sengem Dout kritt e ganz bekannte Rapper säin eegene Stär um Hollywood Walk of Fame.
De 7. Juni wäert den Tupac säi Stär wärend enger ëffentlecher Zeremonie um Hollywood Boulevard kréien. D’Organisateuren hunn argumentéiert dass den Tupac Shakur net nëmmen e Rapper, Schauspiller a Poet war mee och en Aktivist a Revolutionär. Vill Joren no sengem Doud ass hien nach ëmmer eng ganz wichteg Figur. Dem Tupac seng Schwëster Sekyiwa wäert de Stär unhuelen. De Rapper war mat 25 Joer 1996 gestuerwen nodeems hien zu Las Vegas erschoss gouf.