
© VALERIE MACON / AFP
Wéi et heescht, géif d'Koppel an enger schlëmmer Kris stiechen.
Tëscht dem Joe Jonas an dem Sophie Turner soll alles eriwwer sinn. De Sänger an d'Schauspillerin hunn hir Bezéiung 2016 ëffentlech gemaach, hunn sech 2019 bestuet an 2020 an 2022 zwee Kanner zesumme kritt.
Wéi de Promi-Portal "TMZ" mellt, géifen déi Zwee kuerz virun der Scheedung stoen. Den Joe soll well Kontakt zu zwee Scheedungs-Affekoten hunn a géif kuerz virdrunner stoen d'Scheedungspabéieren anzereechen.
Wéi et weider heescht, géif et well zënter 6 Méint kriselen. De Joe soll sech an de leschten dräi Méint eleng ëm hir zwee Kanner gekëmmert hunn, och wärend hie mat senger Band "Jonas Brothers" op Tour war.
Bis ewell huet sech weder hien nach d'Sophie zu der Scheedung geäussert.