D'Sängerin seet dem Botox a Filler "bye bye".

D’Ariana Grande ass eng erfollegräich Sängerin an huet ganz vill Fans op der Welt. Och säi Style ass ganz beléift bei senge Fans. Ma a leschter Zäit huet een sech gewonnert, wisou hatt sou anescht ausgesäit. An engem Insta-Video huet hatt elo verroden, wisou dat sou ass. Deemno huet hatt sech jorelaang tonneweis Filler an d’Lëpse sprëtze gelooss huet. Hatt hätt och reegelméisseg Botox spëtze gelooss fir seng Falen am Gesiicht ze kaschéieren.

2018 soll hatt awer domadder opgehalen hunn, well him alles ze vill ginn ass. Hatt hätt d’Gefill gehat, hatt misst sech verstoppen. Hatt schléisst awer net aus, dat an Zukunft nees ze maachen, och vun engem Facelift an 10 Joer wier hatt net ofgeneigt.

Lauschtert hei alleguerten d'Prominews vum Dag: