D'Sängerin ass guer net "amused" driwwer, dass hatt als Meme am Internet kurséiert. Hatt wollt sech net verstellen an einfach hatt selwer sinn.

Bei de MTV Video Music Awards huet d'Selena Gomez mat senger Reaktioun op d’Nominéierung vum Chris Brown fir Opmierksamkeet gesuergt.  Hatt huet bei der Annonce vun der Nominéierung eng witzeg Grimass geschnidden an déi Grimass gouf zu engem Internethit. Dat fënnt d’Selena awer guer net sou witzeg. Op Insta huet hatt ee schwaarzen Hannergrond mat e puer Versioune vu sengem Gesiicht gepost a geschriwwen dass hatt ni méi ee Meme wäert sinn. Hatt sëtzt an Zukunft ganz roueg an engem Stull a verzitt keng Minn, wéi nach eng Kéier als Meme benotzt ze ginn.