Wéinst engem Sträit mat engem fréiere Mataarbechter kéint de Kanye West geschwë viru Geriicht stoen.

De Sänger hat ee Mann als Projektmanager a Sécherheets-Beoptraagte fir den Ëmbau vu sengem Haus zu Malibu engagéiert. Dëse Mann huet elo eng 40 Säite Klo agereecht wéinst onméiglechen Aarbechtskonditiounen. Ënnert anerem soll de Mann ronn 16 Stonnen den Dag fir de Kanye geschafft hunn, an nuets huet hie wuel misste mat sengem Mantel als provisoresch Ënnerlag um Buedem schlofen. Ausserdeem hätt hien sech bei den Aarbechte wéinst engem Mangel u Sécherheetsmesuren um Réck blesséiert, an net déi Paie kritt hunn, déi hie versprach krut.

Lauschtert hei de Promi-Réckbléck vun der Woch: