No 27 Joer ginn den Hugh Jackman a seng Fra Deborra-Lee Furness getrennte Weeër.

Wéi den Hugh Jackman an d'Deborra-Lee Furness géigeniwwer dem "People"-Magazin bestätegt hunn, ginn déi zwee no 27 Joer gescheet. Hei heescht et, dass déi zwee de Fokus op hier eegen individuelle perséinlech Entwécklung wëlle leeën an si wëllen dat neit Kapitel mat Dankbarkeet a Léift ugoen. Weider Informatiounen zu der Trennung wäert et keng ginn. Dat hunn déi zwee och betount.

De Jackman an d'Furness hunn sech 1995 op engem Filmset kenne geléiert a sinn ee Joer drop bestuet ginn. Als Famill wäerten si awer zesumme bleiwen, well si hunn een 23 Joer ale Bouf an eng 18 Joer al Duerschter.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 18. September.