Am Kader vun den Invictus Games waren de Prënz Harry an d'Meghan zu Düsseldorf op Besuch.

E Sonnde sinn d'Invictus Games zu Düsseldorf op een Enn gaangen. De Prënz Harry huet hei eng Woch un de Spiller deelgeholl. Seng Fra Meghan ass dräi Deeg méi spéit nogereest. D'Ofschlossried huet de Prënz deelweis op Däitsch gehalen an dofir gouf et Standing Ovation a d'Meghan huet mat den Tréine gekämpft. Net nëmmen huet sech de Prënz op d'Spiller konzentréiert, mee hien hat och leschte Freide Gebuertsdag. A säi 39. Gebuertsdag huet den Harry zesumme mat senger Fra an enger Brauerei zu Düsseldorf gefeiert. Dobäi gouf Béier gedronk an d'Koppel schéngt sech hei gutt ameséiert ze hunn.

Déi nächst Invictus Games sinn 2025 a Kanada.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 18. September.