
© Sylwia Sarama
Den Deryck Whilbley gouf leschte Freide wéinst enger Longenentzündung an d'Klinick bruecht.
De Frontmann vun der eemoleger Punkrockband Sum 41 gouf leschte Freiden an d'Klinick bruecht. Wéi dem Deryck Whibley seng Fra Ariana Cooper op Instagram matgedeelt huet, huet hien eng Longenentzündung. Beim Post huet si geschriwwen, dass déi zwee u sech sollten zu Chicago si fir hiren aachten Hochzäitsdag ze feieren, mee d'Universum hätt aner Pläng gehat.
Duerch d'Longenentzündung soll dem Whibley säin Häerz staark belaascht sinn an Doktere fäerten eng Häerzinsuffizienz. Et ass och net déi éischte Kéier, dass sech de Sänger an esou enger Situatioun befënnt. 2014 huet de Whibley scho missen an d'Klinick ageliwwert ginn. Deemools war eng Alkoholvergëftung Schold drun.