
© ALBERTO E. RODRIGUEZ / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Nodeems d'Adele eng gewëssen Ausso op engem Concert gemaach huet, sinn d'Fans sech net méi esou sécher op hatt net awer bestuet ass.
Ëmmer nees gëtt driwwer spekuléiert ob d'Adele an den Rich Paul bestuet sinn oder net. Elo kéint et awer méiglech sinn, dass sech d'Sängerin verroden huet. Wärend senger Show zu Las Vegas huet ee weibleche Fan d'Musekerin gefrot fir sech ze bestueden. Dat huet d'Adele awer ofegeleent ass sot, dass hatt déi Fra net kéint bestueden, well hatt wier hetero a säi Mann géif deen Owend och do sinn.
Een entspriechende Video zirkuléiert och schonn an der virtueller Welt. Zënter 2021 sinn d'Adele an de Rich Paul eng Koppel. Kéint also gutt sinn, dass dës Ausso een Hochzäits-Outing war. Dëst wier och net dat éischt Bestiednis fir d'Adele.