
© VALERIE MACON / AFP
Dass d'Selena Gomez an d'Taylor Swift bescht Frëndinne sinn ass kee Geheimnis, mee gemeinsam Fotoen deelen déi zwee ganz seele mat hire Fans.
D'Selena Gomez huet eng ganz seele Foto vu sech a senger beschter Frëndin Taylor Swift op Instagram gepost. Ënnert d'Foto schreift hatt, dass dat seng bescht Frëndin ass an hatt wierklech ee Béist wier. Den Text kéint eng Uspillung op de Song "Best Friend" vum Saweetie an Doja Cat sinn.
Déi zwee weisen sech op der Foto ganz natierlech mam Mier am Hannergrond. Déi zwee feieren esou hier Frëndschaft an och ee klenge Kuss op de Back dierf hei net feelen.
Och berufflech hunn déi zwee vill mateneen ze dinn. Esou leet d'Gomez vill Wäert op dem Swift seng Meenung a spillt seng Lidder him ëmmer vir ier hatt déi wëll verëffentlechen.