
© Angela Weiss / AFP
D'Ariana Grande an den Dalton Gomez solle Scheedungspabeieren eragereecht hunn.
Wéi verschidden amerikanesch Medie mellen, sollen sech d'Ariana Grande an den Dalton Gomez scheede loosen an d'Pabeiere soll d'Sängerin e Méinden eragereecht hunn. Den Immobilienverkeefer soll dat och kuerz drop gemaach hunn, esou d'People-Magazin an TMZ.
D'Musekerin soll vun der beléifter Scheedungsaffekotin Laura Wasser vertriede ginn. Si ass virun allem an Hollywood-Kreeser bekannt. De Scheedungsgrond sollen Differenze sinn, bei deenen déi zwee sech net kënnen eenegen. D'Trennung vun der Koppel soll schonn am Februar geschitt sinn.
Am Mee 2021 hatt d'Grande Fotoe vun der Hochzäit op Instagram gedeelt. Kuerz virdru wieren si also bestuet ginn.