Ronn 1.500 Objeten aus dem Freddie Mercury sengem Besëtz goufe versteet.

Dem Freddie Mercury säi Besëtz huet eng Zomm vu ronn 40 Millioune Pond erabruecht. Dat sinn ëmgerechent 46,58 Milliounen Euro.

Vu Juni bis September goufen 1.500 Objete vum Freddie Mercury sengem Besëtz ausgestallt a versteet. Organiséiert gouf dat Ganzt vum Mercury senger eenzeger Liewenspartnerin a gudder Frëndin Mary Austin. Hatt léisst déi Saachen, déi hatt all geierwt huet, versteeën, fir esou mat dësem Kapitel kënnen ofzeschléissen. Well et esou vill Objete waren, huet d'Auktiounshaus e puer Eventer draus gemaach an dat a verschiddene grousse Stied.

Ënnert den Objete waren ënner anerem seng Konschtwierker, seng Kroun, Miwwelstécker, Kostümer, Songmanuskripter a säin Haus zu London.

Lauschtert hei déi ganz Prominews vum 20. September.