D'Rihanna huet eng nei Familljefoto op Instagram mat senge Fans gedeelt. Dëst ass déi éischt Foto vum neie Bëbeeë.

Viru knapp engem Mount huet d'Rihanna säin zweet d'Kand krut. Kuerz drop hat d'Sängerin ugekënnegt, dass d'Kand de Numm Riot Rose dréit. Dass de Numm mat engem R ufänkt ass scho bal Traditioun beim Rihanna a sengem Partner A$AP Rocky, well hiert éischt Kand dréit och ee Numm mat engem R, nämlech RZA Athelston.

Eng Foto op Instagram wéist elo wéi stolz d'Rihanna op seng Famill ass. Hei poséiert hatt zesumme mat der ganzer Famill. Dat heescht de Rapper A$AP Rocky a seng zwee Kanner si mat op der Foto drop.

D'Foto huet de Fotograf Diggzy gemaach a bei him um Account kann een d'Foto bewonneren. D'Foto huet d'Rihanna mat de Wierder "The Mayers Boyz" kommentéiert.