
© Image Press Agency / NurPhoto / NurPhoto via AFP / Jon Kopaloff / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Eppes hunn déi zwou Frae gemeinsam: den Joe Jonas als Ex ze hunn.
Nodeems d’Scheedung mam Joe Jonas ugekënnegt gouf huet sech d’Sophie Turner mat engem Superstar gewisen. An zwar mat enger anerer Ex vum Joe Jonas, nämlech mam Taylor Swift. Déi zwee haten eng Girls-Night zu New York a goufe fotograféiert wéi se Aarm an Aarm getrëppelt sinn.
Wéi et schéngt huet de Fait dass si e gemeinsamen Ex hunn, hir Frëndschaft gestäerkt.
Dem Taylor Swift a Joe Jonas hir Bezéiung ass zwar scho relativ laang hir. Déi zwee waren tëscht Juli an Oktober 2008 zesummen.
An d’Schauspillerin Sophie Turner war zënter 2016 mam Member vun de Jonas Brothers zesummen. 2019 goufen se bestuet a viru kuerzem hunn se hir Scheedung annoncéiert.