D'Sängerin huet en neie kanadesche Frënd. ​

D’Halsey schéngt en neie Frënd ze hunn. Viru 5 Méint hat d’Sängerin sech vu sengem Partner Alev Aydin getrennt. Si hunn e gemeinsame Bouf, deen sech Ender nennt. Mee elo schéngt d’Musekerin nees Léift fonnt ze hunn. An de Gléckleche wier e kanadesche Schauspiller, den Avan Jogia.

Op Fotoen, déi vum Promiportal Daily Mail verëffentlecht goufen, gouf déi nei Koppel beim Kussen erwëscht. Si sinn och Hand an Hand zu Los Angeles ënnerwee gewiescht. Déi zwee hunn sech och nach net zu hirer Bezéiung geäussert.