
© ANGELA WEISS / AFP
De Sänger hat eng schwéier Nieren-Infektioun.
Dem Liam Payne soll et besser goen. De fréieren One Direction-Sänger war eng Zäitchen am Spidol. An dat wéinst enger schwéierer Infektioun vun de Nieren. Mee seng Frëndin Kate Cassidy huet elo eng Entwarnung an engem TikTok-Video ginn. D’Model hätt nämlech vill Noriichte vu Fans kritt, déi gefrot hätte wéi et dem Sänger da goe géif.
De Liam Payne wier aus dem Spidol entlooss ginn a wier amgaangen sech z’erhuelen. De Sänger war zu Como an Italien an der Vakanz wéi hien huet misse wéinst extreemer Péng an d’Spidol bruecht ginn.