
© BERTRAND LANGLOIS / AFP
Wärend den Elyas M'Barek a sengem Haus op Ibiza geschlof huet, gouf bei him agebrach.
An engem Podcast huet den Elyas M'Barek gezielt, dass am Summer een a säin Haus op Ibiza agebrach ass an dat och nach an der Nuecht wärend hie geschlof huet. De Schauspiller huet gezielt, dass hien nuets wakereg ginn ass, wéi d'Dier vu senger Schlofkummer opgaangen ass. Seng Fra konnt et net sinn, well déi huet nieft him am Bett geschlof. Dowéinst sot hien dunn "Hallo" an do wier d'Dier nees séier zougaangen. Dunn ass de M'Barek opgesprongen an huet ee Messer geholl. Gläichzäiteg huet hien d'Police geruff, esou de Schauspiller a senger Erzielung. Am Haus gouf eng Säitendier fonnt, déi opgebrach gouf. Den Abriecher soll Boergeld geklaut hunn. Aus dësem traumateschen Erliefnis huet den däitsche Promi awer och eppes geleiert. Nämlech wäert hien och an Zukunft seng Alarmanlag u maachen, wann hien am Haus ass.