
© VALERIE MACON / AFP
D'Sophie Turner wëll, dass seng zwee Meedercher zeréck an England kommen.
D'Scheedung vum Sophie Turner an dem Joe Jonas gëtt ëmmer méi komplizéiert. D'Turner verlaangt nämlech elo, dass hier zwee jonk Meedercher zeréck an England kommen. Dem Geriicht vu New York no, huet d'Turner eng Demande ausgefëllt, dass déi zwee Kanner direkt a Groussbritannien zeréck kommen. An den Dokumenter ass och vermierkt, dass d'Koppel am Abrëll uginn huet, dass England hiert fest Heemechtsland ass. Bis elo sinn d'Meedercher bei hirem Papp, dem Joe Jonas an Amerika bliwwen wärend d'Turner an England un engem Filmprojet deel geholl huet.
Des Weideren ass an de Pabeiere vum Geriicht ze liesen, dass d'Turner réischt duerch d'Medie gewuer ginn ass, dass säi Mann d'Scheedungspabeieren ausgefëllt huet. Dat huet de Jonas awer dementéiert.