
© Cindy Ord / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Géint d'Lizzo gëtt eng weider Plainte gemaach an dat dës Kéier vu senger fréierer Stylistin.
Dem Lizzo seng fréier Stylistin Asha Daniels huet eng Plainte géint d'Musekerin gemaach. Méi konkret gëtt dem Lizzo virgeheit, dass hatt ee sexualiséiert, rassistescht an illegaalt Aarbechtsëmfeld toleréiert. An der Plainte gëtt behaapt, dass d'Lizzo sengem Management erlaabt huet sou wuel rassistesch Bemierkunge wéi och Bodyshaming ze maachen. Des Weideren dierften si Frae mat enger donkeler Hautfaarf verspotten an den Employéen déi medezinesch Versuergung verweigeren. Och d'Daniels soll zu diskriminéierenden, sexuelle Belästegunge gezwonge gi sinn. D'Daniels huet d'Kleeder fir d'Dänzer an d'Dänzerinne fir dem Lizzo seng Tour vun dësem Joer entworf.